Freideg, 12. Mäerz 2010
Aral

Auto op der Télé

Nissan Cube

80x80.jpg

Den Nissan Cube ass de Beweis, dass d'Japaner anescht si wéi mir. Et ass en Auto fir eng young, urban an trendy Clientèle. An obwuel de Pascal Becker net zur Zilgrupp gehéiert, huet hien nuets am eidele Berlin Frëndschaft mam Cube geschloss.

>> Informéiert Iech.

Bäitrag liesen


Index

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 > »
Citroën C3
04.02.2010, 17:00

80x80.jpg

De Citroën C3 ass den Auto mat der grousser Panoramafënster. Et huet een den Androck, an engem Helikopter ze sëtzen. Soss gouf d'Grondform bäibehalen, an awer gesäit den neien C3 vill méi erwuessen aus. De Pascal Becker huet sech a sengem Test och fir d'Finitioun interesséiert, e schwaache Punkt beim Virgänger.

>> Informéiert Iech.

Toyota Prius & VW Golf Bluemotion
28.01.2010, 17:45

80x80.jpg
Wat ass méi spuersam? En High-Tech-Hybrid oder e sophistikéierten Diesel. Bei dësem Konzeptverglach trieden den Toyota Prius an de VW Golf Bluemotion géinteneen un. Am Alldagstest hu Pascal Becker a Serge Pauly ganz genee op de Verbrauch gekuckt.
>> Informéiert Iech.

Opel Astra
17.12.2009, 17:00

80x80.jpg

An de leschte Méint gouf et jo vill Zirkus ronderëm Opel. Mä d'Ingénieure vun Opel wëssen, dass och en Zirkus nëmmen iwwerlieft, wann een héichwäerteg Artisten an d'Manège schécke kann. De Pascal Becker huet sech déi nei Astra-Show e bësse méi genee ugekuckt.

>> Informéiert Iech.

Peugeot 5008
03.12.2009, 19:30

80x80.jpg

Elo huet och Peugeot säi Minivan. De 5008 ass ugetrueden, fir Touran & Co. Konkurrenz ze maachen. D'Technik ass scho bekannt - als Citroën C4 (Grand) Picasso. De Pascal Becker vermësst beim 5008 d'Innovatiounen. Soss gëtt et awer vill Luef.

>> Informéiert Iech.

BMW 5er Gran Turismo
19.11.2009, 17:50

80x80.jpg

BMW huet eng nei Nisch fonnt, déi nach net besat war. De 5er GranTurismo ass eng Mëschung aus 5er Touring, X6 a 7er Limousine. E bësse Coupé a Van stécht och nach mat dran. De Pascal Becker huet de 530d GT probéiert a wollt wëssen op d'BMW-Konzept opgeet.

>> Informéiert Iech.

Renault Mégane
05.11.2009, 17:44

80x80.jpg

Wéi de Renault Mégane virgestallt gouf, hate mir e Coupé mat 180 Päerd. De Pascal Becker huet deemols schonn no méi Power verlaangt. Renault schéint op hien gelauschtert ze hunn. Am spuenesche Malaga konnt hien den neie Mégane RS mat 250 PS probéieren.


>> Informéiert Iech.

Skoda Yeti
22.10.2009, 20:00

  • 80x80.jpg
    Wien weess scho wat sech alles déif an eisen däischtere Bëscher verstoppt. A leschter Zäit si komesch Spuere fonnt ginn. Et ginn ëmmer méi Leit, déi behaapten e Yeti gesinn ze hunn. Esouguer de Pascal Becker ass op de Yeti komm, op de Skoda Yeti.

    >> Informéiert Iech.

Nissan GTR
08.10.2009, 17:00

80x80.jpg
Den Testauto vun haut gouf op der legendärer Nordschleife perfektionnéiert. Hien huet do och Geschicht geschriwwen. En huet en neie Ronnerekord fir Serienautoen opgestallt. E war méi séier op der Nordschleife wéi e Porsche 911 Turbo. De Pascal Becker huet den Nissan GTR awer op normale Landstroosse probéiert.

>> Informéiert Iech.

VW Polo
24.09.2009, 17:45

80x80.jpg

Polf oder Golo? Den neie Plo ass sengem grousse Brudder wierklech wéi aus dem Gesiicht geschnidden. De Pascal Becker huet de Mini-Golf mam 1400er Bensinner probéiert a fënnt, dass de Polo ganz erwuesse gouf. D'Geschicht vun engem Polo, dee Golf spille wollt...

>> Informéiert Iech.

Porsche Panamera
09.07.2009, 16:50

80x80.jpg

Bei Porsche huet bis elo en normalen Auto gefeelt - en Auto mat véier Diere, véier Plazen a komplett ouni Offroad-Ambitiounen. Elo huet Porsche esou en Auto: de Panamera. D'Porsche-Limousine kënnt eréischt am Hierscht an de Showroom, de Serge Pauly konnt de Panamera S schonn a Bayern probéieren.

>> Informéiert Iech.

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 > »
Aral