TMC: System vum "Traffic Management Channel" och hei am Land

RTL - 31.05.2010, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.05.2010, 18:43

TMC gëtt et an enger éischter Phas fir mobil Navigatiounsapparater. Den Ament bidden d'Apparater vun der Mark MIO a Garmin de System un.

D'Vakanz ass eriwwer a Stau op de Stroossen ass erëm virprogramméiert. Fir aktuell Traficinformatiounen ze kréien, lauschtert respektiv liest Dir den Ament jo RTL.

Am September gouf awer ewell en neie System agefouert, deen d'Leit iwwert d'Situatioun op de Stroossen informéiere soll: den TMC, also "Traffic Management Channel". Geduecht ass dëse System fir den Autosradio a fir Navigatiounssystemer.

Mee wéi fonktionnéiert de System genee a wou ass den Entwécklungsstand zu Lëtzebuerg den Ament drun?

TMC gëtt et an enger éischter Phase fir mobil Navigatiounsapparater. Den Ament bidden d'Apparater vun der Mark MIO a Garmin de System un. Bei TomTom sinn d'Verhandlungen nach am Gaang. An enger nächster Phase wäerten dës Verkéiersinformatiounen awer och fir den Display vum Autosradio disponibel sinn.

Nieft mobilen Navien an Autosradioen wäerten an Zukunft awer och Navigatiounsapparater, déi schon an den Autoen integréiert sinn, domadder ékippéiert ginn.


Infoe kréien ... an Infoe ginn!

Dëse System soll dëst Joer dann och nach verbessert ginn. Nei Navien an Autosradioe sollen an Zukunft mat engem Tracksystem equipéiert ginn, sou dass een och ka kucken, wou een drun ass.

Wann een dann z. B, 5 Minutte fir 1 Kilometer brauch, dann ass et zimlech evident, dass een an engem Stau steet, an déi Informatioun geet dann och un den ACL, och ouni, dass eng Persoun Bescheed gesot huet.