Donneschdeg, 02. September 2010

Auto News

Réckruffaktioun vum Prius: 57 Autoen zu Lëtzebuerg betraff

RTL - 09.02.2010, 12:38 - Fir d'lescht aktualiséiert: 12.02.2010, 19:14

Toyota rifft wéinst Problemer mat de Bremsen elo weltwäit seng Hybrid-Modeller Prius zréck. Zu Lëtzebuerg sinn 57 Autoe betraff.

Alleng um amerikanesche Marché si ronn 100.000 Prius-Ween vun der drëtter Generatioun betraff. Weltwäit solle 437.00 Autoen zréckgeruff ginn. Zu Lëtzbuerg sinn also am ganzen 57 Autoe betraff.
 

Den Autoskonstrukteur Toyota schéngt vum Pech verfollegt ze sinn: no enger grousser Réckruffaktioun weltwäit bei verschiddene Modellen, wéint der Gaspedall ass et elo de Contraire: et hu sech Clients iwwer d'Bremse beim Hybrid-Auto Prius, beschwéiert.

Et géif mat Momenter een Decallage ginn, tëscht dem Drécke vun der Brems an dem reelle Bremsen. Dat wier bedéngt duerch ee Problem an der Software vum ABS Programm, mä dat ass awer näischt wouriwwer ee sech misst Suerge maachen, huet de Chef vun Toyota Lëtzebuerg, Jean-Louis Rigaux erklärt.

Hei zu Lëtzebuerg si 57 Prius vun där Réckruffaktioun betraff, d'Leit ginn entweder per Bréif oder Telefon kontaktéiert.

Et ass kloer datt d'Cliente sech vill Froe stellen an den "Image" Schued fir d'Marque grouss ass. Dobäi, esou de Jean-Louis Rigaux, komme Réckruffaktiounen och ëmmer nees bei aneren Autosmarke vir. 

An de leschte Woche schonn hat Toyota Millioune vun Autoen zréckgeruff. A verschiddenen Autoe wor d'Gaspedall hänke bliwwe respektiv den Teppech ënnert d'Pedall gerutscht.

No Toyota ass elo Honda un der Rei

De japaneschen Autoskonstrukteur huet annoncéiert weltwäit iwwer 430.000 Autoe mussen zréckzeruffe wéinst engem Problem mam Airbag. Betraff sinn d'Modeller déi 2001 an 2002 gebaut goufen. Iwwer 380.000 Autoe goufen an den USA verkaf, ee groussen Deel och a Kanada an de Rescht uechter d'Welt. Ënner anerem den Honda Civic, an Accord si concernéiert. Bei verschiddene Modeller kann duerch deen héijen Drock den Airbag platzen an d'Passagéier am Auto blesséieren. 

VIDEO: De Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg vum Frank Goetz








2. Sep 16:16  Ferrari: 1.200 Ferrari 458 Italia Supercar zréckgeruff
27. Aug 08:43  Toyota: Nees iwwert 1 Mio Autoen an den USA zréckgeruff
25. Aug 07:30  Den Automarché zu Lëtzebuerg huet d'Kris hannert sech
19. Aug 19:12  Protokollen aus dem Ausland: Muss ee si bezuelen?
19. Aug 07:27  General Motors: Autoskonstrukteur wëll zréck op d'Bourse
16. Aug 17:07  An Europa ginn nees däitlech manner nei Autoe verkaaft
16. Aug 11:47  GM: Ee Joer no Insolvenz zréck op d'Bourse?
5. Aug 13:41  ACL: Joresvignette fir Éisterräich elo net méi rentabel
4. Aug 18:14  ACL: Preparatioun viru Vakanz mat (klenge) Kanner wichteg
3. Aug 14:18  BMW: Den Ëmsaz klëmmt nees
3. Aug 07:53  Frankräich: Et gi weider manner Autoe verkaf
30. Jul 12:09  Bei Audi lafen d'Geschäfter sou gutt wéi nach ni
20. Jul 17:28  Belsch: Nummereschëlder elo mat 7 Caractèren
18. Jul 18:01  CARe-Prime: Nei Reegelen um Autosmarché vum 1. August un
28. Jun 00:00  Tunnel Houwald: De ganzen Trafic muss duerch een Tube!
5. Jul 11:20  Toyota: Weider Réckruffaktioune bei Lexus a Crown
1. Jul 08:21  Toyota: Nei Réckruffaktioun wéinst feelerhafte Motoren
30. Jun 14:22  Lëtzebuerger Autosmarché: Hausse vu 7,5% an éischte 5 Méint
29. Jun 13:17  Renault rifft weltwäit 695.000 vum Modell Scénic zréck
16. Jun 18:31  Opel: GM wëll Sanéierung komplett selwer finanzéieren
12. Jun 09:47  VW huet an den USA 16.000 Minibussen zeréckgeruff
31. Mee 15:47  ADAC Verbrauchstest: Ärdgas-Panda am bëllegsten
31. Mee 07:30  TMC: System vum "Traffic Management Channel" och hei am Land
28. Mee 18:14  Führerschäin verlängert: Eelst Persoun zejoert hat 102 Joer
28. Mee 07:44  Auto: Garantië gëllen och bei Entretiene vu fräie Garagen

Ëmfro »

Hutt Dir är Batterien iwwer d'Summervakanz konnten oplueden, fir d'Rentrée elo mat Energie kënnen z'attackéieren?
Op alle Fall!
Nee, ech brauch nach méi Vakanz!
Ech hat guer keng Vakanz...
Ech hu keng Meenung dozou.

Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.