Eischt Oplued-Statioun fir elektresch Autoen ageweit
RTL - 02.02.2010, 11:27 - Fir d'lescht aktualiséiert: 12.02.2010, 19:14
Den elektreschen Auto kënnt – och op Lëtzebuerg.
Am Verglach mat anere Länner läit de Grand Duché zwar do hannendran.
Mee de Moie gouf déi éischt Statioun hei am Land fir elektresch Autoen opzelueden ageweit.
Si steet an der Industriezone zu Leideleng, um Site vun der Auto-Locatioun’s-a Leasing- Entreprise Leaseplan.
De Pierre Reyland huet mat hirem Direkter geschwat iwwert d’Zukunft vum elektreschen Auto zu Lëtzebuerg.
D’Statioun, fir elektresch Autoen opzelueden, gouf vu Plug In installéiert. Et ass eng Première zu Lëtzebuerg, sou den Direkter vu Leasplan Lëtzebuerg, Bob Walté:
En Auto kann innerhalb vu 5 bis 6 Stonnen opgeluede ginn an huet dann eng Autonomie vun 150 Kilometer.
Den Ament ginn et zu Lëtzebuerg wéineg elektresch oder hybrid Autoen. Mee, fir den héijen CO2 Verbrauch pro Kapp zu hei am Land erofzedrécken – et ass mat deen héchsten op der Welt - gesäit de Bob Walté am elektreschen Auto eng Chance:
Well nämlech 87 Prozent vun den Trajeten zu Lëtzebuerg nëmme 60 Kilometer laang sinn, kéinte vill Leit op en Elektro-Auto ëmklammen.
Aner Länner - wéi Groussbritannien, Däitschland oder Frankräich – sinn do scho vill méi wäit, an Elektromobilitéit gëtt do direkt ënnerstëtzt.
Dee Retard misst opgeholl ginn, well och bei den Autoskonstrukteure geet et viru mat der Elektromobilitéit. Eng Rei Marken hätte wëlles, Elektro-Modeller fir 2010-2011 op de Maart ze bréngen. Hei stéing een also kuerz virun engem kommerziellen Duerchbroch.
Vill vu de Cliente bei Leasplan wiren un elektreschen Autoen intresséiert, seet nach de Bob Walté. D’Infrastruktur – also d’Oplued-Statiounen – missten deemno prett sinn, fir der Demande fir elektresch Autoen an Zukunft kënne Rechnung ze droen.