Déi grouss Réckruffaktioun vun Toyota limitéiert sech net op d'USA. An Europa mussen eventuell bis zu 1,8 Milliounen Autoen reparéiert ginn.

Bal déi ganz Toyota-Gamme ass vun dëser Réckruffaktioun betraff. Toyota Europa huet um Freideg matgedeelt, wéi eng Modeller a Joergäng prinzipiell a Fro kommen:
Aygo (Februar 2005 - August 2009)
iQ (November 2008 - November 2009)
Yaris (November 2005 - September 2009)
Auris (Oktober 2006 - 5. Januar 2010)
Corolla (Oktober 2006 - Dezember 2009)
Verso (Februar 2009 - 5. Januar 2010)
Avensis (November 2008 - Dezember 2009)
RAV4 (November 2005 - November 2009)
Bei dëse Modeller kann eventuell e Stéck vun engem kanadesche Fournisseur agebaut sinn. Dat muss awer net de Fall sinn. Toyota wäert an den nächsten Deeg déi concernéiert Ween (via d'Chassisnummer) genee erausfilteren an d'Clienten uschreiwen. Fir de Moment kann een nach net soen, ob a wéivill Lëtzebuerger Clienten betraff sinn.
Lexus-Fuerer brauche sech iwwregens keng Gedanken ze maachen. D'Luxusmark vun Toyota gouf net vum kanadesche Fournisseur beliwwert.
Am schlëmmste Fall kann d'Gaspedal blockéieren. An den USA hätt dat scho vereenzelt Accidenter provozéiert. De Jean-Louis Rigaux vun Toyota Lëtzebuerg huet dozou explizéiert, dass dat awer net vun engem Moment zum anere geschitt, mä dass ee mierkt, dass d'Gaspedal lues a lues méi haart gëtt.
D'Produktioun an den europäeschen Toyota-Fabrike gouf entretemps ëmgestallt, esou dass déi nei ausgeliwwert Autoen kee Problem hunn.
De Chef vun Toyota Akio Toyoda huet sech iwwerdeems entschëllegt, datt an Europa mussen 1,8 Milliounen Autoen zréckgezu ginn, well se Problemer mam Gaspedal hunn. Et géif een d'Leit sou séier wéi méiglech opkläeren, fir hinnen d'Angscht ze huelen
| 2. Sep 16:16 | Ferrari: 1.200 Ferrari 458 Italia Supercar zréckgeruff |
| 27. Aug 08:43 | Toyota: Nees iwwert 1 Mio Autoen an den USA zréckgeruff |
| 25. Aug 07:30 | Den Automarché zu Lëtzebuerg huet d'Kris hannert sech |
| 19. Aug 19:12 | Protokollen aus dem Ausland: Muss ee si bezuelen? |
| 19. Aug 07:27 | General Motors: Autoskonstrukteur wëll zréck op d'Bourse |
| 16. Aug 17:07 | An Europa ginn nees däitlech manner nei Autoe verkaaft |
| 16. Aug 11:47 | GM: Ee Joer no Insolvenz zréck op d'Bourse? |
| 5. Aug 13:41 | ACL: Joresvignette fir Éisterräich elo net méi rentabel |
| 4. Aug 18:14 | ACL: Preparatioun viru Vakanz mat (klenge) Kanner wichteg |
| 3. Aug 14:18 | BMW: Den Ëmsaz klëmmt nees |
| 3. Aug 07:53 | Frankräich: Et gi weider manner Autoe verkaf |
| 30. Jul 12:09 | Bei Audi lafen d'Geschäfter sou gutt wéi nach ni |
| 20. Jul 17:28 | Belsch: Nummereschëlder elo mat 7 Caractèren |
| 18. Jul 18:01 | CARe-Prime: Nei Reegelen um Autosmarché vum 1. August un |
| 28. Jun 00:00 | Tunnel Houwald: De ganzen Trafic muss duerch een Tube! |
| 5. Jul 11:20 | Toyota: Weider Réckruffaktioune bei Lexus a Crown |
| 1. Jul 08:21 | Toyota: Nei Réckruffaktioun wéinst feelerhafte Motoren |
| 30. Jun 14:22 | Lëtzebuerger Autosmarché: Hausse vu 7,5% an éischte 5 Méint |
| 29. Jun 13:17 | Renault rifft weltwäit 695.000 vum Modell Scénic zréck |
| 16. Jun 18:31 | Opel: GM wëll Sanéierung komplett selwer finanzéieren |
| 12. Jun 09:47 | VW huet an den USA 16.000 Minibussen zeréckgeruff |
| 31. Mee 15:47 | ADAC Verbrauchstest: Ärdgas-Panda am bëllegsten |
| 31. Mee 07:30 | TMC: System vum "Traffic Management Channel" och hei am Land |
| 28. Mee 18:14 | Führerschäin verlängert: Eelst Persoun zejoert hat 102 Joer |
| 28. Mee 07:44 | Auto: Garantië gëllen och bei Entretiene vu fräie Garagen |
Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.