Reprise vu Saab: De Mammekonzern General Motors huet en Dënschdegowend bekannt gemaach, datt den hollännesche Sportswonkonstrukteur Spyker Saab iwwerhëlt.

Spyker hat Uganks Januar eng verbessert Offer fir eng Reprise op den Dësch geluecht.
400 Milliounen Dollar hunn d'Hollänner sech de Spaass kaschte gelooss, fir Saab ze iwwerhuelen. 74 Millioune musse boer op den Dësch geluecht ginn; de Rescht kritt GM a Form vu Prioritéitsaktien. Den Deal soll Mëtt Februar ofgeschloss sinn.
Déi schwedesch Regierung steet elo Bierg fir e Kredit vu 400 Milliounen, dee Saab bei der europäescher Investitiounsbank agereecht huet.
D'Aktie vu Spyker goung um Dag nom Deal ëm bal 50 Prozent an d'Lut, op 6 Euro d'Stéck.
De Vizepresident vun GM John Smith huet vun enger gudder Nouvelle geschwat, fir déi Beschäftegt vu Saab, d'Händler d'Zouliwwerer an déi Millioune Saab-Fans weltwäit.
Zu Trollhättan a Schwede freeën se sech, allerdéngs ass et alles aneschters wéi garantéiert, datt net awer mussen Aarbechtsplazen ofgeschafe ginn.
Saab beschäftegt den Ament nach 3.400 Leit a Schweden. Wann den Autoskonzern seng Dieren zougemaach hätt, hätt dat de Verloscht vu ronn 8.000 Aarbechtsplaze bedeit.
Zanter Januar 2009 hat General Motors een Interessent fir seng schwedesch Duechtergesellschaft gesicht.
Nieft Spyker wor och déi Lëtzebuerger Investmentfirma Genii Kapital vum Gerard Lopez zesumme mam Formel-1 Chef Bernie Ecclestone un enger Reprise interesséiert. Si haten hir Offer awer virun zwee Deeg zréckgezunn.
| 2. Sep 16:16 | Ferrari: 1.200 Ferrari 458 Italia Supercar zréckgeruff |
| 27. Aug 08:43 | Toyota: Nees iwwert 1 Mio Autoen an den USA zréckgeruff |
| 25. Aug 07:30 | Den Automarché zu Lëtzebuerg huet d'Kris hannert sech |
| 19. Aug 19:12 | Protokollen aus dem Ausland: Muss ee si bezuelen? |
| 19. Aug 07:27 | General Motors: Autoskonstrukteur wëll zréck op d'Bourse |
| 16. Aug 17:07 | An Europa ginn nees däitlech manner nei Autoe verkaaft |
| 16. Aug 11:47 | GM: Ee Joer no Insolvenz zréck op d'Bourse? |
| 5. Aug 13:41 | ACL: Joresvignette fir Éisterräich elo net méi rentabel |
| 4. Aug 18:14 | ACL: Preparatioun viru Vakanz mat (klenge) Kanner wichteg |
| 3. Aug 14:18 | BMW: Den Ëmsaz klëmmt nees |
| 3. Aug 07:53 | Frankräich: Et gi weider manner Autoe verkaf |
| 30. Jul 12:09 | Bei Audi lafen d'Geschäfter sou gutt wéi nach ni |
| 20. Jul 17:28 | Belsch: Nummereschëlder elo mat 7 Caractèren |
| 18. Jul 18:01 | CARe-Prime: Nei Reegelen um Autosmarché vum 1. August un |
| 28. Jun 00:00 | Tunnel Houwald: De ganzen Trafic muss duerch een Tube! |
| 5. Jul 11:20 | Toyota: Weider Réckruffaktioune bei Lexus a Crown |
| 1. Jul 08:21 | Toyota: Nei Réckruffaktioun wéinst feelerhafte Motoren |
| 30. Jun 14:22 | Lëtzebuerger Autosmarché: Hausse vu 7,5% an éischte 5 Méint |
| 29. Jun 13:17 | Renault rifft weltwäit 695.000 vum Modell Scénic zréck |
| 16. Jun 18:31 | Opel: GM wëll Sanéierung komplett selwer finanzéieren |
| 12. Jun 09:47 | VW huet an den USA 16.000 Minibussen zeréckgeruff |
| 31. Mee 15:47 | ADAC Verbrauchstest: Ärdgas-Panda am bëllegsten |
| 31. Mee 07:30 | TMC: System vum "Traffic Management Channel" och hei am Land |
| 28. Mee 18:14 | Führerschäin verlängert: Eelst Persoun zejoert hat 102 Joer |
| 28. Mee 07:44 | Auto: Garantië gëllen och bei Entretiene vu fräie Garagen |
Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.