Lëtzebuerger Autosmaart 2009: minus 10 Prozent
RTL - 12.01.2010, 16:50 - Fir d'lescht aktualiséiert: 21.01.2010, 18:52
Dat ass den éischte Réckgang zënter 15 Joer. Zënter 1995 (deemols 28'806 nei Autoen) ass de Lëtzebuerger Autosmaart permanent gewuess. D’Zuele vum läschte Joer leien ongeféier um Niveau vun 2004.
Wéi schonn déi Joeren virdrun, ass VW och 2009 d’Nummer 1 vum Lëtzebuerger Autosmaart. 6'557 VW-Modeller stinn an der Immatrikulatiounsstatistik, dat sinn der esouguer méi wéi nach 2008. Domatter gouf de Maartundeel vun 12.3 op 13.9 Prozent ausgebaut.
Renault huet sech erëm op d’Plaz 2 vun der nationaler Autoshitparade no vir geschafft. Mat 4'693 Unitéiten läit Renault awer scho relativ wäit hannert VW. Audi kënnt mat 4'538 nei Ween op déi drëtte Plaz. Och d’Mark mat de véier Réng kann hire Maartundeel vergréisseren, an zwar vun 8.3 op 9.6 Prozent. BMW gehéiert zu de grousse Verléierer 2009. D’läscht Joer goufen 3'590 nei BMW-Autoen immatrikuléiert. D’Joer virdru waren et nach knapp 2'000 Stéck méi. De Maartundeel fält esou vun 10.3 op 7.6 Prozent. BMW rutscht an der Autoshitparad vun der zweeter op déi véierte Positioun. Fir Ford ginn 3'320 nei Immatrikulatiounen notéiert, dat ass dat beschtent Resultat an de läschten zéng Joer. Ford klëmmt an der Hitparad esou vu Plaz 8 op Plaz 5. Déi weider Marken an den Top10: Peugeot, Mercedes, Citroën, Hyundai an Opel.
Verschidde Marke konnten trotz alle wirtschaftleche Problemer hir Immatrikulatiounszuelen am Verglach mam Joer virdru verbesseren. Et sinn dat virun allem Skoda, Fiat, AlfaRomeo, Kia oder Subaru. Och Dacia konnt sech entretemps um Lëtzebuerger Marché etabléieren. 277 „bëlleg“ Daciaen goufen hei am Land immatrikuléiert, dat sinn der scho knapp 100 méi wéi nach 2008.
Aner Marken dogéint hu seriö Problemer. Ofgesi vu BWM geet och nach bei Mazda, LandRover, Smart, Jaguar, Lexus, Mitsubishi, Jeep, Saab oder Chrysler de Maartundeel relativ staark zeréck.
Och an der Krise ginn et nach Clienten fir exklusiv an deier Autoen, obwuel och hei déi meescht Marken (ausser Ferrari a Lamborghini) am Verglach mat 2008 verluer hunn. An der Immatrikulatiounsstatistik 2009 stinn: 45 Ferrari, 34 Maserati, 32 AstonMartin, 20 Bentley 6 Lamborghini, 2 Wiesmann an ee RollsRoyce.
(Source: Statec & Autosdistribution Losch)