Peugeot: Nei Markenidentitéit
RTL - 11.01.2010, 18:01 - Fir d'lescht aktualiséiert: 11.01.2010, 18:21
De Léiw gehéiert zënter 1858 zu Peugeot. Elo kritt de Peugeot-Logo e grousse Facelift. Ënnert anerem den 3D-Look suergen dofir, dass den neie Logo méi modern wierkt. Donieft gouf och d’Typographie vun der Mark ugepasst. Nei ass och de Slogan „Motion & Emotion“.
Den neie Logo gëtt schonn direkt benotzt, d’Peugeot-Internetsäite beispillsweis goufe schonn ëmgestallt. Als éischten Auto wäert den RCZ den neie Logo op d’Calendre gepecht kréien. Déi weltwäit 10'000 Peugeot-Händler sollen déi nei Markenidentitéit bis 2012 ëmsetzen.
Peugeot ass och op der Sich no enger neier visueller Identitéit vu senge Produiten. Dofir gouf e Prototyp entwéckelt, deen déi nei Peugeot-Designsprooch verkierpere soll. Den SR1 wier e Manifest vum zukënftege Look vun der Mark.

Peugeot wëllt zwar net verroden, op si wierklech esou en Hybrid-Sportswon mat 2+1 Sëtzplazen erausbrénge wëllen, mä et dierf een dovunner ausgoen, dass déi nei Modeller sech visuell um SR1 orientéiere wäerten. D'Luuchten hannen a vir wäerte relativ schmuel ausfalen. De Kühlergrill, dee bei 207 an 308 scho bal iwwerdimensionéiert war, schéint och erëm méi kleng ze ginn.
Donieft huet Peugeot de Lancement vun neien Technologien ugekënnegt. Nach dëst Joer wëllen d’Fransousen den Elektroauto Ion erausbréngen. Fir 2011 ass den éischten Diesel-Hybrid geplangt, an zwar um Modell 3008. Fir 2012 versprécht Peugeot dann e „Plug-In-Hybrid“.