Freideg, 12. Mäerz 2010
AUTOFESTIVAL: Dossier mat alle Marken an alle Modeller. Informéiert Iech hei!

Auto News

Remerschen: 5. Äerdgas-Tankstell zu Lëtzebuerg ageweit

RTL - 08.01.2010, 07:55 - Fir d'lescht aktualiséiert: 13.01.2010, 11:45

Zu Remerschen ass déi 5. Äerdgas-Tankstell inauguréiert ginn. 2010 ginn nach 2 weider Äerdgas-Statiounen zu Lëntgen an zu Waasserbëlleg installéiert.

© Lynn Gaspar

Zu Lëtzebuerg sinn den Ament 213 Äerdgas-Autoen ugemellt. Dat sinn der am Verglach mat aneren europäesche Länner extrem wéineg. Fir datt dat sech ännert, mussen d'Leit méi Facilitéite gebuede kréien. An deem Sënn ass gëscht zu Remerschen déi fënneft Äerdgas-Tankstell inauguréiert ginn. Am Laf vun dësem Joer gi nach zwou weider Äerdgas-Statiounen zu Lëntgen an zu Waasserbëlleg installéiert. An de nächsten Deeg a Woche geet och eng Campagne vun der Asbl „Lëtzebuerg gëtt Gas“ un, fir de Leit nach méi Informatiounen iwwer Äerdgas-Autoen ze ginn.

 AUDIO: De President vun der Asbl, Erny Huberty (1) »

Während dem Autosfestival ginn et speziell Conditioune fir déi Leit, déi en Äerdgas-Auto kafen.

 AUDIO: De President vun der Asbl, Erny Huberty (2) »

Nieft der Subventioun vun ENOVOS kritt ee pro Äerdgasauto och nach ëmmer vum Ëmweltministère d'Car-e Prime vu 750 Euro.

VIDEO: De Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg


Rëmerschen: 5.Äerdgas-Tankstell zu Lëtzebuerg





11. Mär 11:40  Daihatsu: D'Serie vun de Panne bei Toyota räisst net of
9. Mär 07:50  Vollgas-Panik a Kalifornien: D'Police rett e Prius-Chauffer
4. Mär 11:03  Däitschland: Den 3. Mee ass Auto-Sommet
1. Mär 08:25  Däitschland: 2010 dierfte manner Autoe verkaf ginn wéi 2009
24. Feb 15:56  Hyundai: Rëckruff vun Dausende vun Hyundai Sonata
24. Feb 07:27  Toyota-Chef muss dem US-Kongress Ried an Äntwert stoen
23. Feb 18:00  Eischt CARe-Plus Prime ginn deemnächst ausbezuelt
19. Feb 11:20  Bréissel:Entrevue tëscht Vertrieder aus dem Automobilsecteur
18. Feb 14:10  Police: Ëmweltfrëndlech Alternativë fir de Fuerpark
18. Feb 15:17  Finanzsprëtz vun 100 Milliounen Euro fir Renault
17. Feb 11:52  Toyota: Annnonce vu neiem Bremssystem
15. Feb 13:31  Porsche: Hybrid-Rennauto fir d’Nordschleife
13. Feb 09:53  Réckruffaktioun och bei VW: 20.000 Autoen a Mexiko betraff
13. Feb 09:49  Toyota: Nei Réckruffaktioun! US-Pick-up Tacoma betraff!
12. Feb 17:22  Saab: Aktionäre vu Spyker d'accord mat Reprise
11. Feb 13:00  VW Touareg: Déi nei Generatioun gouf virgestallt
11. Feb 09:14  Renault huet Netto-Verloscht vun 3 Milliarden Euro gemaach
10. Feb 12:59  Peugeot-Citroen mécht 2009 eng Perte vu bal 1,2 Mia Euro
9. Feb 12:30  Sanéierungsplang: Opel baut europawäit 8.300 Plazen of
9. Feb 12:38  Réckruffaktioun vum Prius: 57 Autoen zu Lëtzebuerg betraff
8. Feb 07:38  Autofestival 2010: D'Garagisten zéien éischte positive Bilan
5. Feb 17:26  Toyota: De PDG huet sech fir Pannen entschëllegt
4. Feb 08:13  Toyota bezillt Entschiedegung un d'Händler an den USA
3. Feb 08:12  USA: Vente vun Autoen a Camionetten ass an d'Luucht gaang
2. Feb 11:27  Eischt Oplued-Statioun fir elektresch Autoen ageweit

Ëmfro »

Dee geplangtene risegen Akaafszenter huet d'Polemik ëm de Football-Stadion zu Léiweng nei entfacht ...
Wat ass Är Meenung dozou?
Bei esou ee Stadion gehéiere vill Butteker. Eng gutt Saach!
Wickreng gouf refuséiert, Léiweng acceptéiert. Wéi geet dat zesummen?
Mir sollen dankbar si fir esou ee groussen Invest.
Dofir sinn op eemol och Steiersuen do. Falsch Prioritéit à mon avis.
De Stadion, egal ob mat oder ouni Commerce, gehéiert an d'Stad!
Stadion jo, Commerce nee, soss ginn déi kleng Geschäfter futti.
Ech sinn der Meenung, datt mir guer kee Stadion brauchen.
Ech hätt léiwer, mir géngen en uerdentleche Vëlodrom bauen.
Dat Wichtegst: Mir sollen de Projet net wéi den Tram zerrieden!
Mech interesséiert dat alles net.

Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.