Jonker tëscht 18 a 25: Verkéiersaccidenter 1 Doudesursaach
RTL - 25.07.2012, 16:19 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.07.2012, 16:25 | 20 Commentaire(n)
Verkéiersaccidenter bleiwe weltwäit an och an Europa déi éischt Doudesursaach bei Jonken tëscht 18 a 25 Joer.

2010 hunn déi Jonk an deem Alter och 19% vun den Doudesaffer op der Strooss ausgemaach.
An dofir steet de 4. europäeschen Dag vun der Sécherheet op der Strooss ganz am Zeeche vun deene jonken Automobilisten; d'Zuelen eleng weisen nämlech, wéi wichteg eng gutt Präventioun an deem Beräich ass: 31.000 Jonker tëscht 18 a 25 Joer sinn 2010 an Europa an Autosaccidenter ëm d'Liewe komm. Dovunner waren 80% Männer.
66% vun de Jonke si bei Accidenter mam Auto ëmkomm, 20% mam Motorrad, 2% ware Foussgänger an 8% waren um Vëlo ënnerwee.

Äre Commentaire