Autosventë an der EU zréckgaangen, mä net zu Lëtzebuerg
RTL - 17.07.2012, 12:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.07.2012, 12:59 | 4 Commentaire(n)
Fir deen 9. Mount hannertenee si manner Autoen an der EU verkaf ginn. Nëmmen zu Lëtzebuerg waren datt der 16% méi.

D'Ventë sinn am Juni ëm 2,8% par Rapport zum Juni 2011 an der EU erofgaangen. Zanter dem Ufank vun dësem Joer ass et eng Baisse vu 6,8%.
Och hei gesäit een direkt wéi eng Länner am meeschte vun der Kris betraff sinn.
A Portugal an a Griichenland sinn d'Venten ëm iwwer 41% zeréckgaangen, an Italien ëm 24,4 an a Spuenien war et ee Minus vun 12,1%.
A Groussbritannien an an Däitschland goufen 3,5 respektiv 2,9% méi Autoe verkaf.
Zu Lëtzebuerg waren et 16% méi wéi am Juni zejoert an déi éischt 6 Méint vun dësem Joer 0,2 Prozent méi wéi déi selwecht Period 2011.
Och wat d'Autosmarken ugeet sinn d'Zuele ganz ënnerschiddlech: Plus 2,8% fir Volkswagen
Minus 5,7 bei Daimler.
Minus 8,6 fir PSA Peugeot Citroën an Minus 3,8 fir Renault.
Déi amerikanesch GM huet 8,8% manner Auto verkaf a Fiat esouguer 18% manner.


Äre Commentaire