ACL: Wanterpneuen net de ganze Wanter iwwer obligatoresch!

RTL - 16.07.2012, 15:57 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.07.2012, 16:08 | 24 Commentaire(n)

D'Obligatioun um Auto Wanterpneuen drop ze hunn ass net Generaliséiert! Dat rappeléiert den ACL no enger Konfusioun wéinst enger Reklamm.

Verschidde Membere vum ACL hätten nämlech rezent an hirer Bréifboîte eng Reklamm vun engem däitsche Pneuen-Produzent kritt, déi géif menge loossen dat d'Leit hei am Land de ganze Wanter iwwer déi passend Pneuen um Auto missten hunn.

D'Gesetz dat den 1. Oktober soll a Kraaft triede gesäit allerdéngs net eng fixe Periode dofir vir.

D'Automobiliste misste just déi passend Pneuen um Auto hunn wann d'Konditiounen och deementspriechend sinn. Soss géingen se sech nämlech am Fall vun engem Accident schëlleg maachen.

Et wier also net obligatoresch de ganze Wanter iwwer och mat Wanterpneuen ze fueren, allerdéngs appelléiert den ACL um gesonde Mënscheverstand. Och wann d'Reglement et net virgesäit, wier et besser déi richteg Pneuen um Auto ze hunn fir seng eege Sécherheet an déi vun den aneren Automobilisten.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!