SNCT: Vum 1. August u kann ee säi RDV um Internet buchen
RTL - 05.07.2012, 09:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.07.2012, 07:06 | 16 Commentaire(n)
SNCT: Seng Rendez-Vousen op de Kontrollstatioune kann ee vum 1. August un um Internet reservéieren. Et ginn och nei, méi laang, Ouvertureszäiten.

- Méindes ass dann net méi bis 17 Auer mä bis 18 Auer op.
- Vun dënschdes bis freides ass da souguer bis 19 Auer op.
- Ganz nei ass dann, dass och samschdes opgemaach gëtt, an dat vu 7h30 bis 13h30.
Wann ee säi RDV pénktlech anhält, garantéiert d'Kontrollstatioun, dass ee bannent 15 Minutten um Tour ass. Ee Rendez-Vous an de verlängerten Zäite kascht 5 Euro extra.

Hannergrond vun deenen Ännerungen ass d'Nofro vun de Clienten, déi och alt mol méi spéit oder de Weekend an d'Kontroll komme wéilten, ausserhalb vun den Aarbechtszäiten.
Desweideren klëmmt d'Zuel vun den immatrikuléierten Autoen zu Lëtzebuerg och stänneg. Vun dohier ass dann och d'Nofro op de Kontrollstatiounen automatesch méi grouss.
D'SNCT huet 13 nei technesch Inspekteren agestallt, fir den neien Ufuerderunge gerecht ze ginn.
De Präis fir eng technesch Kontroll vun engem Auto klëmmt op 27 Euro. All aner Präisser kann een um Site vun der SNCT nokucken.

Punkt fir Punkt: SNCT (05.07.2012)Punkt fir Punkt: SNCT |


Äre Commentaire