D'Stauen zu Bréissel si méi schlëmm wéi zu Paräis oder NY

RTL - 21.06.2012, 10:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.06.2012, 10:57 | 11 Commentaire(n)

D'Belsch ass d'Championne vun de Stauen, dat geet aus enger amerikanescher Etude ervir, déi um Freideg vun der belscher Press publizéiert gëtt.

D'Automobilisten hunn d'lescht Joer an eisem Nopeschland an der Moyenne 55 Stonnen am Stau verluer. Am schlëmmsten ass et zu Bréissel, mat 72 Stonnen. D'Staue sinn der Etude no do souguer méi schlëmm wéi zu New York, London a Paräis.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!