Führerschäin: 87% Reussiten beim Theoriesexamen

RTL - 14.04.2012, 10:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.04.2012, 17:57 | 23 Commentaire(n)

Führerschäin: 14.762 Persounen hunn 2011 de prakteschen Examen gemaach an ëmmer manner Leit falen duerch. D'Reussite loung 2011 bei 78%.

Et muss een net ze laang waarden, fir säi Führerschäin ze maachen. D'Delaie sinn, dem Transportminister Claude Wiseler no, raisonnabel a leien an de meeschte Fäll tëscht 8 an 10 Wochen. Dobäi ass d'Zuel vun de Kandidaten tëscht 2010 an zejoert ëm 25% an d'Luucht gaang.
 
14.762 Persounen hunn 2011 de prakteschen Examen fir de Führerschäin gemaach. De Ressortminister féiert d'Hausse op e Changement am System fir d'Theorie zréck. 2008 ass d'Halschent nach duerchgefall, 2010 goufen et 69% Reussite an d'Joer drop hunn 87% vun de Kandidaten den theoreteschen Test gepackt. Wat war geschitt?

De Ressortminister Claude Wiseler erkläert, datt den theoreteschen Examen iwwerschafft an ugepasst ginn ass: D'Aart a Weis wéi e gemaach gëtt an och d'Froen déi gestallt ginn. Vun do un ass och den Taux vun de Reussiten eropgaangen. Donieft goufen et och Changementer bei den Aschreiwunge fir den prakteschen Examen. D'Fahrschoule kënnen neierdéngs hir Kandidate selwer per E-mail fir deen Examen umellen.

Am Prinzip, muss ee wéi gesot, mat 8 bis 10 Wochen fir déi ganz Prozedure vum Führerschäin rechnen. 8 bis 10 Wochen, an deenen de Fahrschüler d'Theoriescoursen an der Auto-Ecole mécht, den theoreteschen Exame packt an op mannst 16 Stonnen mam Auto fuere muss, ier en fir den Examen zougelooss gëtt.
 
D'Fäll an deenen et méi laang dauert, féiert den CSV-Minister op d'Organisatioun vun de Fahrschoule selwer zréck. Déi géifen alt ze vill Clienten acceptéieren an net genuch Instrukteren hunn an da kéint den Delai op 15 bis 20 Wochen an d'Luucht goen.

De Claude Wiseler gesäit dowéinst kee Besoin fir zousätzlech Examinatoren anzestellen. Den Effektiv wier an de leschten 3 Joer duerch eng Permanence verstäerkt ginn an 3 temporäre Examinatoren kënnen agesat ginn, wa se gebraucht ginn.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!