Fix Radaren: Nach ëmmer kee geneeën Datum virgesinn
RTL - 13.04.2012, 14:52 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.04.2012, 14:55 | 33 Commentaire(n)
Déi fix Radaren zu Lëtzebuerg kommen, ma et ass nach ëmmer net gewosst wou a wéini, sou den zoustännegen Transportminister Claude Wiseler.

Et gëtt och nach keng definitiv Lëscht wou d'Radaren an Zukunft hikomme sollen. Et ass just gewosst, datt se op deene Plazen do installéiert ginn wou et geféierlech ass wou een net vill gesäit. An et wier denkbar, sou de Claude Wiseler, datt d'Radaren extra mat Schëlder gezeechent ginn. Zimlech sécher, wäerten se och iwwer GPS oder Navi ze lokaliséiere sinn.
Residenten an Net-Residenten sollen natierlech selwecht behandelt a protokolléiert ginn. Déi verschidden europäesch Memberlänner musse bis de 7. November d'nächst Joer eng Directive ëmsetzen, mat där en grenziwwerschreidende System geschaf gëtt, fir Informatiounen tëscht de Länner auszetauschen.

Äre Commentaire