Groupement Pétrolier: Wanterdiesel zanter November
RTL - 09.02.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.02.2012, 06:21
Groupement Pétrolier: Fir géint d'Problemer bei Dieselmotoren an der Keelt virzebeugen, ass zanter November de Wanterdiesel an der Vente.

D'Ursaach ass net éieren, datt net genuch Additif am Diesel wier, mä villméi, datt d'Kondenswaasser beim Filter fréiert an duerfir de Motor net uspréngt. Bei den Tankstatiounen heescht et, datt zanter November nëmmen nach Diesel an der Vente ass, dee bis Minus 20 Grad net fréiert.
Beim ACL huet een den Diesel-Test gemaach an dobäi war näischt gefruer, sou datt den Diesel duerchaus seng Wanterpreuven gepackt huet, wéi de Frank Maas vum ACL erkläert. Si kéinten lo net confirméieren, datt dee Problem bestan huet, bei hinnen ass nämlech näischt gefruer. An awer réit een beim ACL, datt een am beschten elo nach soll Diesel notanke goen, fir sécher ze sinn, datt en och 100% wanterbestänneg ass.
Wann duerch d'Fiichtegkeet am Circuit d'Kondenswaasser beim Filter fréiert an den Dieselmotor net uspréngt ass u sech net vill ze maachen. Vun deenen 1550 Autoen, déi Problemer haten, huet den ACL 580 Mol intervenéiert, wou d'Autoen ofgeschleeft goufen. An anere Wierder op der Plaz selwer, kann een näischt maachen an et muss een waarden, bis den Tank nees entfréiert.
Beim Groupement Pétrolier, wou ee knapp 240 Tanktstatiounen zielt, heescht et, datt op Basis vun enger EU-Norm all d'Statiounen gehalen sinn, datt tëscht Mëtt November an Enn Februar Wanterdiesel an der Vente ass. De Präsident vum Groupement an Adm.-Délegé vun ARAL, den Romain Hoffmann präziséiert, datt de Wanterdiesel bis Enn Februar nach disponibel ass.
Et gëllt weiderhin seng Precautiounen an der Keelt fir den Dieselmotor ze huelen, den Auto hannert eng Mauer oder an der Sonn stationéieren resp. natierlech am beschten an engem Garage. Bensin bäimëschen géif just schwéier Schied um Motor mat sech bréngen.
Autosbatterien versoen am Wanter (07.02.2012)Virun allem Diesel Gefierer riskéieren bei Keelt net unzesprangen. Wee säin Auto also permanent dobausse stoen huet muss op verschidde Mesuren oppassen. |