Appel vum ACL: Opgepasst wéint gefruerenem Diesel am Tank

RTL - 03.02.2012, 16:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.02.2012, 16:42

Den ACL lancéiert en Appel u sämtlech Chaufferen där hir Autoen mat Diesel fueren: Falls den Diesel am Tank fréiert, soll een op kee Fall Bensin bäifëllen.

Et ass batterkal dobaussen an den Automobilclub gëtt ferm sollicitéiert. Net just wéinst Autosbatterien, déi wéinst der Keelt de Geescht opginn mä och well ville Chaufferen den Diesel am Tank fréiert.

Den ACL réit, datt wann een d'Méiglechkeet huet, säin Auto iwwer Nuecht soll Ënnerdaach stellen. E präventive Filter ka verhënneren, datt den Diesel fréiert, et géif awer keng Wonner bewierken.