Donneschdeg, 02. September 2010

Auto News

Police vs Gendermarie: E kuriéisen Auto suergt fir Opreegung

RTL - 09.07.2009, 12:12 - Fir d'lescht aktualiséiert: 14.07.2009, 19:35

D'Police ass en Dënschdeg zu Dummeldeng op e klenge bloe Smart opmierksam ginn, deen de Schrëftzoch "Gendermarie" op der Säit stoen huet. Ass dat erlaabt?

Desweideren war e Logo ze gesinn, dee staark un de fréiere Logo vun der Gendarmerie erënnert. Zu gudder Lescht hat de klenge Smart och nach eng blo Luucht um Daach.

De Besëtzer vum Auto huet eis matgedeelt, dass d'Police näischt géint de Schrëftzoch "Gendermarie" konnt aussetzen ... Beim Logo gouf et scho liicht Zähneknirschen a bei der falscher bloer Lut ware se dunn awer guer net méi d'Accord. Deen ee Polizist hat näischt dogéint, d'Polizistin war allerdéngs "not amused".

Den Automobilist huet schlussendlech dierfe weiderfueren ... op et Suite wäerte ginn, ass den Ament nach net gewosst.

RTL huet bei der Police nogefrot, bei där richteger! A wat mer do vum Richard Winandy gesot kruten, dierft dach vill Leit bëssen iwwerraschen.

Et kann een nämlech bal egal wat op säin Auto schreiwen oder molen. Den Auto muss natierlech och mat där Schrëft oder dem Logo duerch d'technesch Kontroll goen. De Smart vun der Gender-Marie kann also weider fueren, awer ouni blo Luucht!

D'Gendermarie.....virun der Police





Är Commentairen

Gidd w.e.g. Ären Numm an Är E-Mail-Adress un. Merci! D'E-Mail-Adress froe mir, fir Iech eng Confirmatioun ze schécken, wann Äre Commentaire online ass.
Duerch d'Fortschécke vun Ärem Commentaire acceptéiert Dir eis
Conditions d'utilisations fir d'Moderatioun vun eise Commentairen a Lieserbréiwer.

MODERÉIERT W.E.G. ÄREN TOUN: KENG FRECHHEETEN.
KENG ONGEPRÉIFTE "FAKTEN". KENG FALSCH IDENTITÉITEN. MERCI!
Numm:
E-Mail:
Text:

D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
2. Sep 16:16  Ferrari: 1.200 Ferrari 458 Italia Supercar zréckgeruff
27. Aug 08:43  Toyota: Nees iwwert 1 Mio Autoen an den USA zréckgeruff
25. Aug 07:30  Den Automarché zu Lëtzebuerg huet d'Kris hannert sech
19. Aug 19:12  Protokollen aus dem Ausland: Muss ee si bezuelen?
19. Aug 07:27  General Motors: Autoskonstrukteur wëll zréck op d'Bourse
16. Aug 17:07  An Europa ginn nees däitlech manner nei Autoe verkaaft
16. Aug 11:47  GM: Ee Joer no Insolvenz zréck op d'Bourse?
5. Aug 13:41  ACL: Joresvignette fir Éisterräich elo net méi rentabel
4. Aug 18:14  ACL: Preparatioun viru Vakanz mat (klenge) Kanner wichteg
3. Aug 14:18  BMW: Den Ëmsaz klëmmt nees
3. Aug 07:53  Frankräich: Et gi weider manner Autoe verkaf
30. Jul 12:09  Bei Audi lafen d'Geschäfter sou gutt wéi nach ni
20. Jul 17:28  Belsch: Nummereschëlder elo mat 7 Caractèren
18. Jul 18:01  CARe-Prime: Nei Reegelen um Autosmarché vum 1. August un
28. Jun 00:00  Tunnel Houwald: De ganzen Trafic muss duerch een Tube!
5. Jul 11:20  Toyota: Weider Réckruffaktioune bei Lexus a Crown
1. Jul 08:21  Toyota: Nei Réckruffaktioun wéinst feelerhafte Motoren
30. Jun 14:22  Lëtzebuerger Autosmarché: Hausse vu 7,5% an éischte 5 Méint
29. Jun 13:17  Renault rifft weltwäit 695.000 vum Modell Scénic zréck
16. Jun 18:31  Opel: GM wëll Sanéierung komplett selwer finanzéieren
12. Jun 09:47  VW huet an den USA 16.000 Minibussen zeréckgeruff
31. Mee 15:47  ADAC Verbrauchstest: Ärdgas-Panda am bëllegsten
31. Mee 07:30  TMC: System vum "Traffic Management Channel" och hei am Land
28. Mee 18:14  Führerschäin verlängert: Eelst Persoun zejoert hat 102 Joer
28. Mee 07:44  Auto: Garantië gëllen och bei Entretiene vu fräie Garagen

Ëmfro »

Hutt Dir är Batterien iwwer d'Summervakanz konnten oplueden, fir d'Rentrée elo mat Energie kënnen z'attackéieren?
Op alle Fall!
Nee, ech brauch nach méi Vakanz!
Ech hat guer keng Vakanz...
Ech hu keng Meenung dozou.

Dëse Sondage entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden. E representéiert just d'Meenung vun deene Leit, déi hei op RTL.LU geäntwert hunn.