Auto-Fotoen

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »
Mazda6 (RTL-Autotest)

De Mazda6 beweist, dass déi klassesch Limousine nach net ausgestuerwen ass. Well de Pascal Becker sech gutt geschéckt huet, krut hien e rouden Testauto AUTOMAG: Mazda6


Renault - Clio RS & Clio Grandtour

De Clio IV ass schon op de Strossen ënnerwee, elo lancéiert Renault och d'Kombiversioun Grandtour. 20 cm méi an der Längt doen de Volume vun der Mall op 443 Liter wuessen. Awer net aleng praktesch mä och optesch soll dee klenge Kombi opfalen. Dat selwecht gëllt fir de sportleche Brudder Clio RS. Amplaz vum 2-Liter Saugmotor kennt am Top-Clio elo ee 1600er Turbo mat 200 PS an den Asaz. Serieméisseg ass hien mat EDC, enger automatiséierter Boîte mat 2 Kupplunge kombinéiert. Fotoe vum Paul Origer.


Autojumble an der Luxexpo

Déi 28. Editioun stoung am Zeeche vun 100 Joer Automobilsport hei zu Lëtzebuerg. Fotoen: Henri Schwirtz.


Veterama - Mannheim

Retro Classics an Techno Classica – bis elo woaren dat déi zwee eenzeg Rendez-Vousen am Agenda vum Oldtimer-Geck Paul Origer. Bis hien op emol op d'Annonce fir d'Veterama zu Mannheim gestouss ass. Hannert der Veterama verstoppt sech eng ganz aner Zort vu Foire. Während zu Essen oder Stuttgart an drëchenen a gehëtzten Halen deelweis op Teppech flanéiert gëtt, ass d'Veterama eppes fir Puristen. Hei trëppelt een de ganzen Dag op iwwer 260.000 Meter-carré an der frëscher Loft, et gëtt nach richteg an de Stécker gewullt, d'Occassiouns-Autoen sinn net lauter Zoustand-1 Schmockstécker mat Moundpräisser an de Marke-Mix ass erfreelech grouss. E puer Fotos-Impressioune vum Paul Origer.

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »