| - |
Wësse wat ee wëllt: sech informéieren (Zeitungen, Internet, Garagen) |
| - |
Onbedéngt Präisser vu verschidde Garagë matenee vergläichen. |
| - |
Kee Stress oder Zäitdrock akzeptéieren. Autoe ginn d'ganzt Joer gebaut a verkaaft an net nëmme während dem Festival. |
| - |
Ëmmer verhandelen. Wann net em Remise, dann ëm Accessoiren, Reprise etc. |
| - |
Wat begiert ass, ass och deier. Bei manner populäre Modeller ass de finanzielle Spillraum dacks méi grouss, mä de Verkafswäert an e puer Joer dacks schlecht. |
| - |
Onbedéngt dee gewënschte Modell probéieren. Eng deier Kaz keeft een net am Sak. |
| - |
Näischt ausser engem Kafvertrag ënnerschreiwen (keng „Offre de Prix“ zum Beispill ënnerschreiwen) |
| - |
Kucke wat den eegenen Auto um fräien Occasiounsmaart wäert ass (z.B. Annonce liesen) fir mat enger Reprise ze vergläichen. |
| - |
Den Dag vum Kontrakt relax a gutt preparéiert untrieden. Kleng Kanner doheem loossen, Rechemaschinn mathuelen, sech Zäit loossen, klengt Gedréckte liesen, sech alles erkläre loossen. |
| - |
Diesel mécht, ausser bei klenge Stadautoen oder Sportsween beim Neikaf am meeschte Sënn an hält och de Wäert besser. |
| - |
Ausgefale Faarwe kennen de Wäert duerno erofsetzen. |
| - |
Grouss Felge si flott, mä 2 Zoll méi heescht dacks dass duerno d'Pneue bal duebel esou deier sinn. |
| - |
Hell Intérieuren, besonnesch am Stoff verknaschte séier. |
| - |
De Wäert vun deieren Optioune kritt een duerno ni méi erëm. |
| - |
Gäiz ass zwar gäil, mä op Sécherheetsaccessoirë soll een net spueren (ESP z.B.) |
| - |
Modern Autoe brauchen eng Klimaanlag. Si sinn ouni schwéier ze verkafen an am Summer eng Sauna. |
| - |
Navigatiounssystemer a Lieder maachen eréischt an der gehuewener Klass Sënn fir de spéidere Verkaf. |
| - |
Kleng Garagen hunn dacks manner finanzielle Spillraum, mä kënne méi perséinleche Service bidden. |
| - |
Sech ëmfroen wéi dacks de gewënschte Modell an den Entretien muss a wat dat normalerweis kascht. |
| - |
Wat kaschten Assurance, Kasko, Steiere fir de gewënschte Modell? |
| - |
Passt de Minivan oder d'Jeep iwwerhaapt an d'Garage. |
| - |
Sech informéiere wéini den Nofolger ukënnt. Déi aktuell Modeller sinn zwar besonnesch ausgeräift, mä gesinn direkt al aus, dat ass e Verhandlungsargument. |
| - |
Bor bezuelen ass nach ëmmer déi beschte Verhandlungsbasis an déi bëllegst Finanzéierung. |
| - |
E Kredit bei der Hausbank ka méi deier si wéi verschidde Finanzéierungsproposen vun Autofirmaen. Onbedéngt vergläichen an ausrechnen, wat den Auto schlussendlech kascht. Déif Loft huelen. |
| |
|
| Leasing ass fir Privatleit ausserhalb vu Steierkonstruktiounen mat grousser Virsiicht ze genéissen. D'Kontrakter enthale vill Klenggedrécktent wat duerno deier kaschte kann. Besonnesch Kilometerleeschtung a Reschtwäert vum Auto si fir de Leasing-Onerfuerenen Zäitbommen. Bei onrealistesch nidderege Monatspräisser sollen d'Alarmklacke lauden. Do kënnt déi déck Rechnung gären um Schluss. |