
Nodeems de ganz groussen Erfolleg mam C30 ausbliwwen ass, probéiert Volvo elo mam V40 an der Kompaktklass unzekommen. Trotz “V” am Numm ass dat awer kee klassesche Kombi, mä effektiv en Hatchback-Konkurrent fir 1er, A3 oder nei A-Klass. De V40 weist awer och, dass Volvo trotz chineseschem Propriétaire sengen Traditiounen wéi Qualitéit a Sécherheet trei bleiwen dierf.
D'Modeller op ee Bléck.
![]() » Fotogalerie |
V40 Neie Modell, Hierscht 2012 |
|
De V40 ass op den éischte Bléck direkt als Volvo z’erkennen. Spezialiste vun der Mark entdecken esouguer, wéi hannen Elementer vum legendäre P1800 zitéiert ginn. Och den Intérieur entsprécht der schwedescher Design-Philosophie: sober, edel an op de Chauffer ausgeriicht. Bei de Sécherheetséquipementer huet Volvo d’Lat nach emol méi héich geluecht. De V40 huet als éischten Auto e Foussgänger-Airbag, donieft goufen déi aktiv Assistenzsystemer (CitySafety asw.) massiv weiderentwéckelt. » De Volvo V40 am RTL Autotest |
|
![]() » Fotogalerie |
V40 R-Design Nei Versioun, Wanter 2012/13 |
|
Mam R-Design-Package trimmt Volvo seng Modeller op Sport fir esou eng méi jonk Clientèle ze erreechen. Zënter kuerzem ass och de V40 als R-Design ze kréien. Virun allem d’Optik suggeréiert Sport, méi Leeschtung kritt een awer net. Op Wonsch ass ëmmerhin e Sportfuerwierk ze kréien. |
|
![]() » Fotogalerie |
V40 CrossCountry Nei Versioun, Wanter 2012/13 |
|
De CrossCountry ass e V40, deen op Offroader mécht. D’Rezept ass bekannt: déck Parechoce mat Aluminiumsprotectiounen suerge fir déi néideg ToutTerrain-Optik, donieft ass d’Karosserie héich geluecht. 4cm sëtzen d’Passagéier hei méi héich iwwert der Strooss. Allrad gëtt nëmme fir den décke Bensinner T5 ugebueden. |
|
![]() |
S60, V60, XC60, V70 & S80 Neie Motor, Hierscht 2012 |
|
Fir eng ganz Partie Modeller ass en neien Diesel disponibel. Den D3 huet 2 Liter op 5 Zylinder verdeelt a bréngt 136 Päerd. E ka mat enger manueller 6-Gang-Boîte oder mat der Geartronic kombinéiert ginn. Den alen D3 mat 163 Päerd gëtt iwweregens onverännert bäibehalen. E gouf nëmmen an D4 ëmgedeeft. |
|





