Autofestival


Kleng an exklusiv – mat dëser Strategie kënnt Abarth nach ëmmer gutt un. Grad hei zu Lëtzebuerg huet d’Mark mam Skorpioun eng trei Clientèle. Besonnesch déi speziell Serië vum 500er gi scho bal wéi Sammlerstécker behandelt. An Zukunft soll et nach méi speziell ginn. Mat „Fuori Serie“ kann de Client sech säin Abarth am Stil vun de 695er Modeller ganz individuell zesummestellen, vun der Motorleeschtung bis bei d’Faarwen an d’Équipementer.

D'Modeller op ee Bléck.




» Fotogalerie
Punto Supersport
Nei Versioun, Summer 2012

Highlight am Punto Supersport ass de 1400er Turbobensinner, deen op 180 Päerd gedoppt gouf. Via eng 6-Gang-Boîte mat kuerze Schaltweeër ass esou de Sprint op 100 an nëmme 7,5 Sekonne gedoen an eng Spëtzt vun 216 km/h méiglech. Den Design inspiréiert sech un den Toureween aus de 60er. Den exklusive Lack „Grigio Campovolo“, dozou mattschwaarz Sträifen a Felgen, speziell Schrëftzich a rout Bremszaange sinn typesch Supersport.






» Fotogalerie
595 Competizione & 595 Turismo
Nei Versiounen, Summer 2012
Iwwer 40 Joer nom legendäre Fiat-Abarth 595 léisst Abarth dës traditionell Zuelekombinatioun erëm opliewen. Déi zwou nei Versiounen (allebéid zou oder décapotabel) sinn zum Deel  identesch: e 1400er Turbo (160PS), en adaptive Chassis a 17-Zoll-Rieder. Den Turismo gëtt sech awer mat schwaarze Sportsëtzer, speziellen Teppecher a Bi-Xenon en exklusiven Touch, während de Competizione mat Schuelesëtzer, Karbondekor a Sportauspuff op Dynamik setzt.


« Zréck op d'Haaptsäit vum Autofestival

Alles ronderëm den Auto