CARe-Prime: Beim Autokaf vu staatleche Prime profitéieren
Och 2012 kënnen d’Autoskeefer vu verschiddene Prime profitéieren. D’CARe-Prime gouf bis den 31. Dezember 2012 verlängert. Fir an de Genoss vun där Prime ze kommen, muss ee sech fir en Auto décidéieren, dee wéineg CO2 an d’Loft bléist.
D’CO2-Grenzwäerter am Iwwerbléck
| Kategorie | CO2-Wäert | Prime |
| Diesel (mat DPF/FAP) | 91-100 g/km | 750.- |
| max. 90 g/km | 1’500.- | |
| Bensinner | 91-100 g/km | 750.- |
| max. 90 g/km | 1’500.- | |
| Hybrid | max. 160 g/km | 750.- |
| Gas (LPG/CNG) | max. 160 g/km | 750.- |
| Elektroauto, Plug-In-Hybrid, Range-Extender asw | max. 60 g/km | 5’000.- |
D’Modalitéiten am Detail
Et gi verschidden Tariffer an CO2-Limiten fir d’CARe-Prime. D’Grenzwäerter goufen iwwert déi lescht Joeren ëmmer erëm no ënnen ugepasst.
750 Euro kritt ee, wann den CO2-Wäert vum Auto bei héichstens 100g/km läit. Wann den CO2-Wäert esouguer d’Limite vun 90g/km net dépasséiert, gëtt d’Prime op 1’500 Euro verduebelt.
Hybrid- oder Gasautoen (LPG oder Äerdgas) dierfen e bësse méi CO2 an d’Loft blosen. D’Limite ass hei 160g/km. Dat selwecht gëllt och fir Autoe, déi vu grousse Familljen (minimum 6 Leit) oder vun invalide Persounen immatrikuléiert ginn.
Déi déckste Prime vu 5’000 Euro ass fir 100-prozenteg Elektroautoen a fir déi sougennanten Plug-In-Hybriden oder Range-Extender-Elektroautoen. D’CO2-Limite läit hei bei 60g/km. Bei rengen Elektroautoen muss een noweisen, dass een e Kontrakt fir “grénge Stroum” huet.
Allgemeng Regelen
D’CARe-Prime baséiert sech op den CO2-Wäert vum neien Auto. Et dierf een sech als Client awer net op deen CO2-Wäert, deen am Katalog steet, verloossen. Den eenzegen CO2-Wäert, dee gëlt, ass dee vum europäesche Homologatiounscertificat (certificat de conformité).
Et ka sinn, dass den CO2 duerch verschidden Optiounen (eng Klima oder méi grouss Felgen) eropgeet an den Auto dann d’Konditiounen fir d’Primen net méi erfëllt. Hei muss ee sech beim Kaf vum neien Auto also ganz genee informéieren!
Bei Dieselautoen dierfen d’Partikelémissioun net iwwert e gewësse Wäert erausgoen. Am Prinzip muss den Auto mat engem Dieselpartikelfilter équipéiert sinn, fir d’Prime ze kréien.
Déi aktuell CARe-Prime gëllt nach bis den 31. Dezember 2012. Stéchdatum ass iwweregens net den Dag wou den Auto kaaft gouf, mä deen Dag, wou den Auto ugemellt gouf. Iert een d’Demande fir d’Prime maache kann, muss den neien Auto minimum 7 Méint zu Lëtzebuerg immatrikuléiert sinn.
Dëse Résumé ass ouni Garanti. Präzis Informatioune kritt een um offizielle Site www.car-e.lu.