Problematik bei Punktevergab am Rallye-Championnat
RTL - 08.03.2012, 11:58 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.03.2012, 13:44 | 10 Commentaire(n)
Am Lëtzebuerger Rallye-Championnat fänkt d'Saison mat Problemer un wat d'Punkten ugeet. Dem Patrick Gengler säi Subaru schéint net punkteberechtegt ze sinn

D'R4-Klass ass awer laut Code Sportif 2012 net zougelooss fir d'Championnat, sou ze liesen op der Säit 60, Artikel 4:
Les championnats du Luxembourg des pilotes de rallyes et des copilotes de rallyes
Il est ouvert aux voitures des groupes N et A (y compris R1, R2, R3, WRC et S2000 - Rallye).
Am Joer 2011 war eng Ajoute vun der Commission Sportive erausgaangen, an där drastoung, dass och d'R4 Autoen gewäert ginn. Déi Ajoute ass awer net mat an de Code Sportif National 2012 eriwwergeholl ginn.
Am FIA-Reglement ginn d'R4en an der Divisioun 2 matgewäert, zesumme mat den S2000 mat 2 Liter Saugermotor, a mat den S2000 mam 1.6 Liter Turbo.
Classes Groups
2
S2000-Rally: 1.6 T engine with a 30mm restrictor
S2000-Rally: 2.0 Atmospheric
Group R4
3
Group N car over 2000cc (current N4)
4
RGT Cars
5
Group A car over 1600cc and up to 2000cc
Super 1600
R2C (over 1600cc and up to 2000cc)
R3C (over 1600cc and up to 2000cc)
R3T (up to 1600cc / nominal)
R3D (up to 2000cc / nominal)
6
Group A car over 1400cc and up to 1600cc
R2B (over 1400cc and up to 1600cc)
kit-car over 1400cc and up to 1600cc
7
Group A car up to 1400cc
kit-car up to 1400cc
8
Group N car over 1600cc and up to 2000cc
9
Group N car over 1400cc and up to 1600cc
R1B (over 1400cc and up to 1600cc)
10
Group N car up to 1400cc
R1A (up to 1400cc)
D'Commission Sportive ass op d'Problematik higewise ginn. Biswell war et awer net méiglech e Statement vun der Commission Sportive ze kréien. Et misst ee sech fir d'éischt beroden.
Sollt et da sou sinn, dass de Patrick an d'Katia mat hirem Subaru Impreza R4 keng Punkten am Championnat kréien, da wier bei der Pfalz-Westrich Rallye de Claude Streicher deen, deen déi voll Punktzuel géif kréien.
Bei de Co-Piloten kritt d'Jennifer Thielen als bescht Lëtzebuergerin un der Säit vum däitsche Felix Herbold déi meescht Punkten. D'Christine Bellantuono géif dann op Plaz 2 no vir réckelen.
All dat bleift awer nach ze klären, well de Problem kënnt och nees op d'Tapéit, wann d'Rallyen zu Lëtzebuerg gefuer ginn. Well och do muss de Patrick da kucken a wéi enger Klass hie sech kann umellen, och wann en keng Punkten am Championnat sollt kréien.
Äre Commentaire