Rallye-WM: Red Bull gëtt den neie WM-Promoter

RTL - 08.08.2012, 11:43 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.08.2012, 11:53 | 0 Commentaire(n)

Red Bull gëtt den neie Promoter vun der Rallye Weltmeeschterschaft. Zanter Méint gouf et keng richteg Vermaartung vun der WRC, dat soll lo riwwer sinn.

Et soll en Accord ginn tëscht der FIA an dem Red Bull Media House. Déi zwee aner Kandidate fir d'Vermaartung, Eurosport an eng Firma aus Südafrika wiere soumat aus der Course. Nodeems North One Sports gekënnegt krut, war zimleche Kuddel-Muddel, wat d'Rechter un de WRC-Biller ugeet.

Et geet een dovunner aus, dass den neie Promoter scho bei der Däitschland-Rallye Enn August wäert virgestallt ginn, sou d'Informatioun vun der Internetsäit rallye-magazin.de.

Et gi grouss Hoffnungen a Red Bull gestach. Si sollen de Rallye-Sport nees medientechnesch op den Top-Level bréngen. Dass si wëssen wéi ee Sportaarten vermaart, hu se scho bei sëllechen anere Sportaarte gewisen.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!