Formel 1: Zitt Mercedes sech zréck wéint Gribkowsky-Affär?

RTL - 27.06.2012, 16:08 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.06.2012, 16:14 | 17 Commentaire(n)

Den Ex-Chef vun der Bayern Landesbank Gerhard Gribkowsky gouf zu 8 annerhallef Prisong veruerteelt, well hie 44 Mio.€ Schmiergeld vum B. Ecclestone krut.

Hien huet déi Suen net versteiert.

Dëst Urteel kann och elo Repercussiounen op de Paddock hunn.
Well Daimler akzeptéiert keng onmoralesch a korrupt Praktiken vu Mataarbechter respektiv Geschäftspartner. An esou Fäll géif Mercedes sech zereckzéien.

Da wieren net nëmmen d'Mercedes Team, mä och McLaren a Force India betraff.

 

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!