Triplé fir Audi bei de 24 Stonnen vu Le-Mans

RTL - 17.06.2012, 15:53 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.06.2012, 18:56

Bei de 24 Stonnen vu Le-Mans gëtt an der LMP1 Klasse en Triplé fir Audi. Déi 2 éischt Autoen sinn Diesel-Hybrid-Prototypen.

Dat schwäizer Privat-Team Rebellion mat ënnert anerem dem fréiere F1 Pilot Nick Heidfeld gëtt 4t.

D'Toyota hunn d'Arrivée no den legendäre 24 Stonnen Le-Mans net gesinn. Een Auto hunn si duerch e schwéiert Akzident verluer. Den 2ten Toyota hat en technesche Problem.