MotoGP: Victoire fir de Jorge Lorenzo beim GP vu Katalonien

RTL - 03.06.2012, 15:57 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.06.2012, 16:05

MotoGP: De Spuenier Jorge Lorenzo wënnt de Sonndeg de Grousse Präis vu Katalonien a bleift Leader am General. Den Dani Pedrosa fiert op di 2. Plaz.

© AFP (Archivbild)
Den Andrea Dovizioso klasséiert sech als 3. .

De Casey Stoner, dee jo vun der Pole Position aus an d'Renne gestart ass, fiert op di 4. Plaz.

Et ass di 41. Victoire fir de Jorge Lorenzo.