Formel 1: Mark Webber op der Pole zu Monaco
RTL - 26.05.2012, 16:46 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.05.2012, 15:38
F1: Den Australier Mark Webber start de Sonndeg vun Der Pole Position aus an de GP vu Monaco. De Nico Rosberg fiert an der Quali déi 2. séiert Zäit.

An der 2. Rei steet de Lewis Hamilton nieft dem Romain Grosjean.
Di 3. Rei deelen sech de Fernando Alonso an de Michael Schumacher.
Den Däitschen Michael Schumacher ass am Fong di séierst Zäit zu Monaco gefuer, ma hie gëtt awer wéinst sengem Crash mam Bruno Senna, beim GP vu Spuenien, penaliséiert a 5 Plazen zeréckgesat.

