24h Nordschleife: Steve Jans gutt preparéiert
RTL - 16.05.2012, 16:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.05.2012, 13:03
De 24h-Marathon op der Nürburgring-Nordschleife ass déi gréissten Autoscourse vun der Welt. De Steve Jans geet mat groussen Erwaardungen un den Départ.

D’lescht Joer koum de Steve Jans nach als onbekannten Newcomer op d'24h-Course vum Nürburgring. Dëst Joer bréngt hie schonn eng gutt Portioun Nordschleifen-Erfahrung mat. Hie fiert näämlech reegelméisseg am Nürburgring-Laangstreckechampionat. E kennt deemno d’Sträck an den Auto. Dat ass dëst Joer e BMW M3 CSL mat 380 Päerd, preparéiert vum däitschen Team BlackFalcon. De Steve Jans wiesselt sech während de 24 Stonnen mat dräi däitsche Piloten of, an zwar dem Tim Scheerbarth, dem Carsten Knechtges an dem David Jahn.
De BlackFalcon-M3 zielt sécher net zu deene séierste Ween op der Nordschleife. D’Favorite komme virun allem aus der GT3-Klass: Porsche 911, Mercedes SLS AMG, Audi R8 LMS, BMW Z4, McLaren MP4/12C... Siele virdrun war d’24h-Course esou gutt besat wéi dëst Joer. Während d’GT3-Équipen den Tempo forcéiere wäerten, an och deen een oder aneren onnéidege Risiko agoe wäerten, hu Jans & Co eng ganz aner Taktik. “Mir krute vun eisem Teamchef scho gesot, mir sollten eisen Tempo fueren. De BMW ass e ganz zouverlässegen Auto a wa mir keng Dommheete maachen, komme mir am Laf vun de 24 Stonne sécher ëmmer weider no vir”, esou de Steve Jans am RTL-Interview. Eng Top30-Plaz wier net onrealistesch. 
De BlackFalcon-Junior kënnt gutt preparéiert op den Nürburgring. Enn Abrëll war déi drëtte Manche vun der VLN-Laangstreckemeeschterschaft. Hien ass do als 42ten iwwert d’Arrivée an huet seng Klass gewonnen. An der VLN-Tabell fënnt een de Lëtzebuerger op Plaz 12 erëm, am Klassement vun de jonke Piloten ass et esouguer déi drëtte Plaz.
Donneschdes a Freides gëtt op der Nordschleife trainéiert. De groussen Départ ass e Samschdeg um 16 Auer. Och dëst Joer rechnen d’Organisateure mat engen 200’000 Spectateuren. Mat knapp 200 Autoen um Départ gëllt de 24h-Marathon als gréissten Autoscourse vun der Welt.