Formel 1: Lotus Team brécht Barcelona Test-Fahrten of
RTL - 22.02.2012, 09:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.02.2012, 10:12
Wéinst engem Produktiounsfehler um Chassis, muss dem Gerard Lopez säin Team seng Tester zu Barcelona ofbriechen. De Chassis vum Lotus war gerass.


Sou konnt Lotus net wéi geplangt mam ale Chassis Tester weider fueren, mä d'Team huet d'Saachen zesumme gepackt an ass zeréck an d'Fabrik op Enstone geflunn, fir do eraus ze fannen, wou de Problem um Chassis leit. Elo heescht et dëse Fehler esou séier wéi méiglech ze behiewen, éier d'Saison den 18. Mäerz zu Melbourne an Australien wäert starten.
