Fotoen

«<  2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 / 11 > »
PPIHC: Technesch Kontroll an Training

Beim Pikes Peak International Hill Climb geet et lues awer sécher an déi decisiv Phase. Fir de Frank Maas stoung déi technesch Ofnam um Programm an e konnt säi Wells Coyote Ford beim 1. Training eng éischte Kéier um Pikes Peak testen. Et goufe puer kleng Problemer mat der Boite, mä alles an allem war den Training ganz villverspriechend. Nächste Rendez-Vous ass da beim Qualifying!


Biergcourse zu Osnabrück (4./5. August 2012)

De Guy Demuth gëtt den 2ten am General, hannert dem Marcel Steiner. Den Tommy Rollinger gëtt den 10ten, de Romain Theissen den 31ten, de Leon Linden lant op Plaz 42, de Georges Goedert kënnt op Plaz 51, den Daniel Donkels op d'87, de Sandor Venneker op d'88, de Claude Feltus op d'95 virum Sandra Becker op der 96. De Pascal Becker gëtt den zweetleschten op Plaz 101. Net an d'Wäertung koumen de Roland Braquet an den Yves Kremer. Fotoen: Henri Schwirtz


Pikes Peak Hill Climb: Preparatioune vum Frank Maas

Den 12. August geet fir de Frank Maas e Kandheetsdram an Erfëllung, wann hien un der weltberühmter Biergcourse Pikes Peak un den Depart geet. Scho Gréisste wéi Walter Röhrl, Mario Andretti, Bobby Unser, Ari Vatanen a Michele Mouton hunn hei gewonnen.


Eifel Rallye Festival 2012

Ronderem Daun war de Weekend vum 26. bis 28. Juli nees DE Rdv fir all d'Fans vun den ale Rallye-Boliden. Besonnesch vill Fans haten de Wee op Daun fonnt, well och d'Rallye-Legend Walter Röhrl um Depart war, an dat direkt op 4 verschiddenen Autoen. Fotoen: Ketty a Rom Hankes


24h Spa (27.-29. Juli 2012)

Fotoe vun der traditioneller 24 Stonne Course zu Spa! Mat dobäi ass och e Lëtzebuerger a Persoun vum Steve Jans, deen op engem Mercedes SLS AMG GT3 vum Black Falcon Team un den Depart gaangen ass. Fotoe vum Romain Scheffen.


Déi drëtt Editioun vum Vespa Tour duerch Lëtzebuerg

D'a.s.b.l. "Macchina d'Epoca", dat heescht d'Frënn vun historeschen italieneschen Auto'en a Motorieder, hunn hiren drëtten « Vespa on Tour » duerch d'Ländchen organiséiert. Ronn 45 Vespa-Frënn hunn deelgeholl beim Tour deen mat ronn 100km duerch 55 Uertschaften gefuer ass. Fotoen: Henri Schwirtz


WRC: Citroën Test fir den Däitschland-Rallye

Den Test war e Freideg 6. Juli 2012 zu Brauneberg an de Wäinbierger. Hannert dem Steier souz de Finn Mikko Hirvonen, d'Note koume vu sengem Co Jarmo Lehtinen. Fotoe vum Marco Stoller


«<  2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 / 11 > »